Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Posts By: hana

Prochaines séances du Conseil communal

Leider ass dëse Contenu nëmmen op Franséisch verfügbar.

Le Conseil communal se réunira

dans la Mairie à Belvaux

Éischt inklusiv Spillplaz an der Gemeng

Pénktlech fir d‘Vakanz ass déi éischt inklusiv Spillbuerg an der Gemeng fäerdeggestallt ginn.
Am Kader vum Projet Sport a Fräizäit fir Jiddwereen ass am Park Um Belval eng Spillbuerg mat villen taktillen Elementer installéiert ginn, déi net nëmme rollstullgerecht ass, mee déi ënnert anerem sou kontrasträich gestalt ass, dass och Kanner déi net gutt gesinn, kënne vun der Buerg profitéieren.
Dës Spillplaz, déi idealerweis direkt niewent dem Kannercampus an dem CDI (Centre pour le développement intellectuel, fréier EDIFF) läit, erlaabt et alle Kanner, onofhängeg vun hire kierperleche Kapazitéiten, sech ze begéinen an zesummen ze spillen.

     

Agence Immobilière Sociale Kordall

D’Agence immobilière sociale Kordall (AISK) ass e Service vum Gemengesyndikat SIKOR, an ziilt op déi sozial Entwécklung vun eidel stoende Wunnengen um Territoire vun de véier Membergemengen Déifferdeng, Käerjeng, Péiteng a Suessem.

De Manktem u Wunnraum am Allgemengen, a besonnesch u gënschtegem Wunnraum ass e grousse Problem an eise Gemengen. Den Zougang zu Wunnengen ass fir vill Famillje mat schwaachem Akommes en Hindernis dat net z’iwwerwannen ass, a si mussen dann entweder op Sozialhëllef zeréckgräifen oder sech mat prekären, delabréierten oder souguer ongesonde Wunnsituatiounen offannen. Dobäi kommen oft héich Energiekäschten an esou Wunnengen dobäi, déi zousätzlech op de Portemonni vun dëse betraffene Familljen drécken.

Iwwert d’AISK reagéiert de SIKOR op dëse Problem andeems onbewunnte Wunnenge recuperéiert an se Familljen an Nout zu engem moderate Loyer zur Verfügung gestallt ginn.

Dëse soziale Modell erlaabt et zousätzlech Wunnengen op de Marché ze bréngen, Familljen z’ënnerstëtzen andeems si gëeegent Wunnengen zu engem anstännege Loyer vermëttelt kréien, an de Loyer un d’Proprietären ze garantéieren.

Dir sidd Proprietär?

Dir sidd Proprietär vun enger eidel stoender Wunneng?
Dir hutt nach net decidéiert, wat Dir mat dëser Wunneng maache wëllt?
Dat kéint dës sozial Locatioun eng Léisung fir Iech sinn.

Är Virdeeler:

  • Garantéierte Loyer
  • Renovéierung um Schluss vum Bail
  • Steierlech Avantagen
  • Encadrement vum Locataire

Dir sidd Demandeur?

Fir eng gënschteg Wunneng vun der AISK lounen ze kënnen, musst Dir Iech beim Office social mellen.
Den Office social kuckt, ob Dir d’Krittären erfëllt a fëllt mat Iech zesummen d’Demande aus.

Office social
Tel.: 59 30 75 – 890 / 891 / 896 / 897
16, rue de la Poste
L-4477 Belvaux

Chantier Tippewee – Neie Wunnraum fir d’Bëschléierchen

D’Natur an deene fréieren Dagebaugebidder a Frichen am Minett ass eenzegaarteg. Hei liewe vill eenheemesch an deelweis ganz rar Déieren a Planzen.

Esou ass och de fréiere Schlakentipp zu Éilereng e wichtege Liewensraum fir sou seele Vulle wéi d’Bëschléierchen (DE: Heidelerche). Si bauen hier Näschter um Buedem a Landschafte mat dréchene Wisen an eenzele Beem a Straich. Well d‘Lullula arborea als staark gefäerdet Aart op der rouder Lëscht vun de Vullen zu Lëtzebuerg steet, ass et wichteg dëse Villchen a säi Liewensraum ze schützen.

Den aktuelle Chantier am nërdlechen Deel vum Crassier Éilereng laanscht den Tippewee, soll dësem Verloscht u Liewensraum entgéintwierken. De Wirtschaftsministère, deem dësen Terrain gehéiert, féiert hei an Zesummenaarbecht mam Ëmweltministère Aarbechten am Kader vu Kompensatiounsmesuren duerch.

Op engem Terrain vu 7 Hektar gëtt eng nei Plattform geschaf, fir dass eng lokal Koppel Bëschléiercher hei roueg ka weider bréien. Et sollen 100.000 m3 Buedem opgefëllt ginn an dat mat enger Schicht Kräsi driwwer. Dono soll dat Ganzt vun engem Bauer mat Schof genotzt ginn, fir dass d’Vegetatioun net iwwerwuchert, well d’Bëschléierchen hallef oppe Landschafte favoriséiert.

D’Aarbechte solle bis Mäerz 2021 fäerdeg sinn, wann déi vegetativ Period erëm ufänkt. Zu deem Zäitpunkt soll och eis Koppel Bëschléierchen erëm op den Terrain zeréckkommen a soumat hiert neit Habitat unhuelen.