Et ass dem Schäfferot vun der Gemeng Suessem eng grouss Freed, fir Iech op d’Bamplanzaktioun fir déi neigebueren Awunner·innen aus eiser Gemeng ze invitéieren. D’Aktioun riicht sech u sämtlech Kanner, déi tëscht dem 1. September 2024 an dem 31. August 2025 gebuer sinn an an eiser Gemeng wunnen.
D’Bamplanzaktioun ass samschdes, den 22. November um 10.15 Auer an der Rue Wënschel zu Bieles.
No engem klenge Maufel (Kaffi, Schocki, Schneekegkeet), kritt all Kand ee klenge Bam iwwerreescht. Profitéiert vum ëffentlechen Transport fir op Bieles ze kommen mat www.mobiliteit.lu
Mellt Iech wgl. spéitstens bis de 14. November un.