Am Kader vun der Antirassismuscampagne, sinn eng Rei Foyere vum Service d’Éducation et d‘Accueil aus der Gemeng dem Opruff vun der Chancëgläichheets- an Diversitéitskommissioun nokomm fir mat Kanner flott Projeten auszeschaffe fir op d’Diversitéit hinzeweisen an ze sensibiliséieren. Mat vill Motivatioun a Begeeschterung waren d’Kanner um Wierk an hu Bushaisercher dekoréiert, Lidder an en Danz astudéiert, Plakater a Calicoten erstallt, asw. Hei kënnt dir iech en Androck vun den Aarbechte vun de Kanner maachen.

