Taste the world
Eng weider kulinaresch Rees, wou d’Deelen am Vierdergrond steet: Um Samschdeg, den 18. Abrëll 2026, ass um Kannercampus Belval den „Taste the world“ organiséiert ginn – e gastronomescht Evenement, dat vun der Kommissioun fir interkulturell Zesummeliewe vun der Gemeng Suessem an d’Liewe geruff ginn ass. Wärend engem Nomëtteg stoung d’Kichen aus aller Welt am Mëttelpunkt an huet Participant∙innn zesummebruecht, déi op der Sich no neien Entdeckungen a Rencontere waren. Vun hausgemaachte Spezialitéiten, exoteschen Aromaen a liewegen Diskussioune konnt jiddereen∙t nei Goûten entdecken an dobäi Geschichten iwwer seng eege kulinaresch Traditiounen deelen.
E puer Platen hu vu Familljegeschichten erzielt, wärend anerer d’Dier zu nach onbekannte Kulturen opgemaach hunn. Dësen Event weist ëmmer nees, wéi einfach et ka sinn, verschidde Kulturen zesummenzebréngen. Eng erfollegräich Veranstaltung, déi d’Wichtegkeet vun esou Initiative bestätegt, wou Diversitéit Hand an Hand mat Virwëtz geet … an der Freed, ze deelen.
Fotoen: Nadia Dentzer