Joyeuse Entrée
Um Freideg, de 24. Abrëll 2026, huet Esch/Alzette d’Feierlechkeete ronderëm d’Joyeuses Entrées, déi dëst an nächst Joer am ganze Land stattfannen, ageleet a war Stopp vun der éischter Etapp um Tour vun der Groussherzoglecher Koppel. Wéi et d’Traditioun virgesäit, huet dëse symboleschen Evenement de Bierger∙innen d’Méiglechkeet ginn, d’Groussherzoglech Koppel an enger häerzlecher Atmosphär ze begéinen.
D’Festivitéite ronderëm d’Visitt sinn am fréien Nomëtteg lassgaangen, dat tëscht dem Belval an dem Zentrum vun Esch, wou geschaten 10.000 Leit op de verschiddenen Etappe gewaart hunn. Et war eng Geleeënheet ze weisen, wat de Minett alles ze bidden huet. Fir d’Visitt gouf ee variéierte Programm op d’Bee gestallt, dee fir all Alter eppes ze bidden hat.
An de kommende Méint si weider Visitten am Kader vun de Joyeuses Entrées an de verschiddene Regioune vum Land geplangt.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri