Virtrag vum Dr. Kathrin Mess
De 16. Abrëll 2026 hate mir d’Freed,méi wéi 40 Participant·innen bei der Konferenz „Luxemburger Frauen im Widerstand gegen das NS-Regime“ ze begréissen, presentéiert vum Dr. Kathrin Mess.
Wärend dëser besonnescher Soirée an A Gadder zu Bieles huet d’Dr. Mess e groussen Hommage un déi Lëtzebuerger Frae gemaach, déi an der Zäit vun der Nazi-Okkupatioun an der Resistenz aktiv waren. Duerch Zeugnisser, Bréiwer a historesch Dokumenter huet si Liewensweeër presentéiert, déi vu Courage a schwéieren Decisioune gepräägt waren. Ronn 200 Lëtzebuerger Frae goufen an de Konzentratiounslager Ravensbrück agespaart, wou vill hiert d’Liewe verluer hunn.
Aus verschiddene soziale Schichten, politesche Stréimungen a Regiounen hunn si sech der Resistenz ugeschloss. Dës Konferenz huet hinnen nees e Gesiicht an eng Stëmm ginn.
Grousse Merci un all Persoun, déi deen Owend mat dobäi war an zum Erfolleg vun der Konferenz bäigedroen huet.
Fotoen: Gemeng Suessem / Annick Spellini