Wanterconcert – Geschichte fir Grouss a Kleng
Sonndes, de 15. Dezember 2024 spillt d’Zolwer Musek, zesumme mat der Zolwer Jugendmusek an der Éilerenger Harmoniechen, nees hiren traditionelle Wanterconcert, genee wéi dat lescht Joer a Form vun enger familljefrëndlecher Matinée!
Ëm 10.30 Auer luede mir dofir Grouss a Kleng an, fir een interessante Concert an der Schoul 2000, wou mir déi eng oder anerer musikalesch Geschicht wäerten erzielen an och, wéi gewinnt, op Solisten aus eisen eegene Reie wäerten zeréckgräifen.
Den Entrée ass fräi. Et gëtt eng Quête fir de gudden Zweck gemeet.
Fir méi Informatioune followed eis op Facebook oder besicht eis op eiser Websäit www.harmoniedesoleuvre.lu
