De Service Sociétés ass den éischten Uspriechpartner fir sämtlech kommunal Veräiner an Associatiounen. Dorënner falen och d’Reservatioun an d’Locatioun vun den Infrastrukturen aus der Gemeng an dem jeeweilege Material. De Service Sociétés këmmert sech och ëm d’Statute vun de Veräiner.

Wichtege Message: Reservatioune vu Säll

Momentan ass et net méiglech, online iwwert eisen digitale System Säll ze reservéieren. Fir all entspriechend Demande biede mir iech eise Service Sociétés direkt via E-Mail (service.societes@sanem.dev.kudo.lu) oder Telefon (59 30 75 – 513) ze kontaktéieren. Merci fir äert Versteesdemech.