Kanner, O Kanner, O quel bonheur.
Déi 2019 gegrënnte Momenter intensiv liewen asbl (MIL) huet sech als Zil gesat, Mënsche mat Demenz den Zougang zu Kultur, an domat um gesellschaftleche Liewen, ze erliichteren. Dëst ass ee vun de Projeten, déi op hir Bedierfnisser ugepasst sinn. Um Programm stinn den 3. Mäerz ab 15.00 Auer am Artikuss lëtzebuergesch an international Klassiker, déi de Georges Urwald a Form vu Medleyen nei arrangéiert huet, an déi vun engem klengen Orchester a verschiddene Sänger·innen virgedroe ginn. Dänzer·inne begleeden dëse Programm an animéieren de Publikum mat Showeinlagen dozou, matzemaachen.
A feierlecher a gemittlecher Ambiance gi Jonk an Al wärend engem Nomëtteg mat bekannte Melodien an Texter an eng aner Welt entféiert. De Concert ass ëm 15 Auer, dauert ongeféier eng Stonn a riicht sech un Alters- a Fleegeheemer, an och u vun Demenz betraffe Familljen. Doriwwer eraus sinn och allgemeng Mënsche viséiert, déi gemeinschaftlech intensiv Momenter erliewe wëllen.
Georges Urwald | Gesang a Piano
Anne Kaftan | Bassklarinett
Marly Marques | Gesang
Mady Weber | Gesang
Franck Hemmerlé | Perkussioun
Jeff Mack | Trompett a Gesang
Catarina Barbosa, Baptiste Hilbert an Giovanni Zazzera | Danz
Et gëtt Kaffi a Kuch, an donieft Softdrinks, Béier a Crémant. Obligatoresch Reservatioun beim Tara Jung bis de 24. Februar 2024 a limitéiert Plazen.
Tel. 59 30 75 – 631 oder senior.plus@sanem.dev.kudo.lu